ForumWisou déi aktuell Kulturpolitik zu Esch weeder sozial nach kritesch oder nohalteg ass

Forum / Wisou déi aktuell Kulturpolitik zu Esch weeder sozial nach kritesch oder nohalteg ass
 Foto: Editpress/Julien Garroy

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Kultur ass wichteg fir eis Stad an dofir ass eng transparent Kulturpolitik, virun allem wat Finanzen an d’Gouvernance ugeet, ëmsou méi wichteg. Ëmmer méi kulturpolitesch Aufgaben ginn zu Esch bei eng ASBL ausgelagert an net direkt iwwert d’Gemengepolitik ausgefouert. Do stellt sech d’Fro: Wat ass frEsch?

An de leschte Sëtzunge vum Gemengerot an a verschiddene Kommissioune gouf an de leschte Wochen intensiv iwwer d’Associatioun frEsch diskutéiert. Dës Diskussioune goufen duerch eng kritesch Fro vun der Oppositioun ausgeléist: „Wat ass eigentlech frEsch?“ Dës Fro huet sech net prioritär op den Objet social vun der ASBL bezunn, deen ëffentlech zougänglech ass, mee éischter op d’Realitéit vun hirem Fonctionnement an d’Effizienz vun hirer Aarbecht am Kader vun der aktueller kulturpolitescher Strategie an eiser Gemeng. D’Fro hat als Ziel, méi déifgräifend déi effektiv Roll vu frEsch am Kontext vun der Kulturstrategie vun der Stad Esch ze hannerfroen.

Déi duerch Esch22 entstane Kulturhaiser wéi den Ariston, d’Konschthal an d’Bridderhaus sinn insgesamt eng positiv Entwécklung fir déi Escher Kulturzeen, awer d’Fro stellt sech haut nom eigentleche Kärberäich vun der Escher Kulturpolitik an der iwwerdimensionéierter Roll vu frEsch. Offiziell ass dat jo virun allem d’Organisatioun vun der neier Biennale a vu vermeintlech integréierte Manifestatioune wéi d’Francofolies an d’Nuits de la culture, déi zurzäit am Vierdergrond stinn. An spéitstens hei stellen sech eng ganz Rëtsch Froen iwwert d’Finanzen an d’Gouvernance.

Bei der Finanz- an Ëmsetzungspolitik vu frEsch, speziell am Kontext vu Biennale & Co, ass et evident, dass méi Detailer op den Dësch mussen. Déi lescht virgestallte Finanzpläng weisen op Gesamtkäschte vun 9,4 Milliounen Euro hin, mat engem Haaptbäitrag vu ronn 6 Milliounen Euro, déi vun der ëffentlecher Hand bereetgestallt ginn.1) Dovunner faalen 4,5 Milliounen Euro op den Escher Budget an déi 1 Millioun aus „eegene” Mëttele vu frEsch koumen natierlech och initial aus dem Gemengebudget. Doriwwer eraus schéngt d’Erwaardung un de Sponsoring, mat den Erfarungen aus de leschte Joren, komplett iwwerzunn. Wann dat Akommes ausbléift, wat evident ass, ween soll déi Zommen da stemmen, wann net de Steierzueler.

Manner wéi 1 Prozent fir Lëtzebuerger Kënschtler

Firwat ginn di Suen dann elo ausginn? Et ass schockéierend, dass ongeféier 40 Prozent vum Budget, also iwwer 3,5 Milliounen Euro, fir Betribs-, Kommunikatiouns- an administrativ Käschten ausgi ginn, obwuel jo d’Personal grad an dëse Beräicher bannent der Gemeng an de leschte Jore bedeitend gewuess ass. Trotzdeem mussen elo nach 3,5 Milliounen Euro fir Administratives an Ëffentlechkeetsaorbecht ausgi ginn?

Et ginn zwar dann och nach ëmmerhi ronn 1,8 Milliounen Euro, just 20 Prozent vum Gesamtbudget, fir Gagen un d’ Kënschtler ausginn, mee de Betrag, deen u lokal Kënschtler geet, ass mat nëmmen 80.000 Euro erschreckend niddereg – dat ass manner wéi 1 Prozent vum Gesamtbudget. Net emol 1 Prozent fir Gagë fir Lëtzebuerger Kënschtler ass kulturpolitesch e Skandal!

Et sinn zwar och nach 1,4 Milliounen Euro „Produktiounskäschten“ zu Lëtzebuerg virgesinn; wat domat gemengt ass, ass net kloer, zumindest sinn dat keng Gagë fir eis lokal Konschtschafend, an do läit ee vun de ville Probleemer. De Gros vun de Sue fléisst haaptsächlech an Evenementer wéi d’Francofolies an Stroosseneventes am Kader vun der Biennale an der Nuit de la culture. Dës Eventer bréngen, och wann déi Responsabel eis ëmmer erem de Géigendeel soen, keen nohaltegen Impakt op a fir Esch mat sech. Ausser e puer Nuiten an der Hotellerie bleift ganz wéineg bei der Escher Geschäftswelt.

Och d’Gouvernance an déi intern Gestioun vu frEsch werfe berechtegt Froen op. Normalerweis gëtt Kulturpolitik am Conseil communal gemaach an ënnerläit den „Checks and balances“ vun der Gemengepolitik. Wann een elo en Deel vun der Kulturpolitik (mat engem Blankoscheck u Gemengesuen) an eng Asbl auslagert, ass et extrem wichteg, dass d’Gouvernance deem héchste Standard entsprécht. Dat funktionéiert nëmme mat engem gudde Mix vu politesch Responsabelen an onofhängege Memberen am Conseil d’administration, déi also weeder hierarchesch nach finanziell vun der Presidence ofhängeg sinn. Fir d’Organisatioun vun enger Asbl, déi gutt an transparent funktionéiere soll, ass et also kruzial, dass genuch wierklech onofhängeg Memberen, déi Entscheedungen treffe mussen, am Verwaltungsrot sinn a fräi hir Meenung soe kënnen. Soss mécht dat Ganzt kee Sënn an all di Saache kéinte jo och am Gemengerot beschwat an duerch d’Gemengeverwaltung duerchgesat ginn.

Keng Léiere vun Esch22

Wien ass am Verwaltungsrot vu frEsch? De Präsident ass de Kulturschäffe Pim Knaff, well de Budget vun der ASBL vun der Gemeng gedroe gëtt. Gëtt et dann och eng Majoritéit vun onofhängege Memberen, vun Experten oder Vertrieder vun der Escher Zivilgesellschaft? Nee, dat ass ganz kloer net de Fall! Op der enger Säit hu mär Beamte vun der Escher Gemeng, déi dem Schäfferot beamterechtlech ënnerstallt sinn, oder e puer wéineg Vertrieder aus der Escher Kulturzeen, déi iwwert Subside komplett vun der Gemengepolitik ofhänken. Mat anere Wierder ass domat d’Zoustëmmung garantéiert an di Suen (déi jo eigentlech aus der ëffentlecher Hand kommen) ginn ouni grouss Diskussiounen esou ausginn, wéi de Präsident et wëll. De Kulturschäffe Pim Knaff gëtt also dem ASBL-Präsident Pim Knaff Suen, déi deen dann ausgëtt, ouni sech iwwert eng Oppositioun am Verwaltungsrot Suerge mussen ze maachen. Den Direkter vum Service Culture vun der Gemeng schafft immens gudd mam Tresorier a Responsabele fir d’Gestion journalière vu frEsch zesummen: Et ass di selwecht Persoun. Do mécht de Besuch am VIP-Zelt duebel Spaass …

Trotz de negativen Erfarungen a Léieren, déi Esch22 hätt kënne bidden, schéngt frEsch weiderhi vill Suen an Events ze stiechen, déi virun allem fir e puer Privilegéiert gemaach sinn. De gréisseren Deel vun den Escher an Escherinne muss sech mat deiere Ticketspräisser fir 60 Euro pro Dag an 130 fir dräi Deeg Francofolies international Vedette kafen, obwuel dës Evenementer haaptsächlech mat hire Steiergelder subventionéiert ginn. Fir eng Famill vu véier Leit, déi déi dräi Deeg materliewe wëllen, kascht eleng d’Entrée 520 Euro … Dat bezilt sécher kee mam Mindestloun …

Zousätzlech dozou gëtt de lokalen Awunner an de Méint Mee/Juni den Zougang zu ëffentleche Plaze wéi dem Park a Spillplazen duerch opwänneg Opbauaarbechte fir dës Evenementer verbueden, wat den Usproch vun „Green Events“ a Fro stellt. An engem urbane Raum, wou vill Escher an hir Kanner aus dem Zentrum grad de Park als Ausgläich hunn, ass dës Situatioun wärend e puer Wochen am Fréijoer fir vill Léit eng Zoumuddung.

Demesuréiert Investitiounen a VIP-Events

D’Gemeng Esch huet mat hirer (vun uewen erof dekretéierter) Kulturstrategie grouss Versprieche gemaach. D’Offer u Kultur limitéiert sech elo awer nëmmen op punktuell Events, déi laangfristeg keng kulturpolitesch Valeur hunn. Hei gëtt d’Geleeënheet verpasst, eng zolidd Basis fir lokal Kënschtler a Kreativschaffender ze schafen, fir eng méi nohalteg an inklusiv Kulturpolitik. Aner Südgemenge maachen dat anescht: Zu Diddeleng ënnerstëtzt d’Kulturpolitik vun der Gemeng prioritär a nohalteg den Engagement vu lokalen a regionale Kënschtler, integréiert hir Awunner an ënnerstëtzt de kulturellen Austausch op lokalem Niveau. Zu Esch loosse mer e puer Vedette kommen, déi ausser e puer eidele Gedrénksbéchsen näischt hannerloossen. Awer Richtung22, déi sech an de kulturpoliteschen Diskurs zu Esch abruet hunn, kréien stënterlech gekënnegt?

D’Kulturpolitik vun der Majoritéit ass also weeder sozial nach kritesch, nohalteg oder innovativ a scho guer net wirtschaftlech. Et ass evident, dass e wesentlechen Deel vun der Escher Kulturpolitik iwwerduecht muss ginn – zesumme mat den Akteuren um Terrain. D’Fokusséierung vun enger ASBL wéi frEsch op grouss an deier Evenementer am ëffentleche Raum werft net just Froen iwwert de Sënn an de kulturelle Wäert vun deene färdegen, akafte Konzepter op, mee och iwwer d’Transparenz an d’Gouvernance vun den Entscheedungsprozesser. Kultur ass substanziell wichteg fir eis Stad a mir begréisse grondsätzlech d’Investitiounen an de Kultursecteur. Déi aktuell Kulturpolitik ënnert dem Modell frEsch, mat hirer lamentabler Gouvernance an den demesuréierten Investitiounen a VIP-Events, ass kontraproduktiv an dréit net zur Entwécklung vun eiser diverser kultureller Zeen zu Esch bäi.


1) Am Verglach kréien déi Escher Kulturhaiser fir d’Programmatioun vun enger ganzer Saison follgend Ënnerstëtzung aus dem Escher Budget: Escher Theater 1,5 Millioun Euro, Kulturfabrik 1,5 Mio., Musée de la Résistance 600.000, Konschthal a Bridderhaus 1,8 Mio., Bibliothéik 42.500 …


Fir d’LSAP Esch: Agovic Enesa, Djordjevic Andrija, Lucas Patrick, Tonnar Jean, Avdic Aldin, Even Marc, Mond David, Valli Laura, Babacic Mesud, Faltz Steve, Pulli Sacha, Weyer Tim, Braz Liz, Funck Ben, Rauchs Pierre, Conceição Fábio, Hargarten Sarah, Sold Georges