LeserforumDuerf ee Minister wesentlech een Deputéierte beléien?

Leserforum / Duerf ee Minister wesentlech een Deputéierte beléien?
   

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Op eng Fro vum Deputéierte Meris Sehovic (Question 0102), ob de Police-Reglement vun der Stad Lëtzebuerg conforme mam Artikel 37 vun der neier Verfassung ass, dee virgesäit, datt all Restriktioune vun de Grondrechter musse vum Gesetz virgesinn an hire weesentlechen Inhalt respektéiert ginn. Am Respekt vum Prinzip vun der Proportionalitéit si Restriktiounen nëmme méiglech, wa si an enger demokratescher Gesellschaft néideg sinn an effektiv den allgemengen Intressi oder de Schutz vun aneren hire Rechter a Fräiheeten zum Zil hunn.

Hien hätt och kënne froen, ob den RPG conforme mat dem Artikel 124 alinéa 2 ass, deemno ee Gemengereglement „dans les matières réservées par la Constitution à la loi les règlements communaux ne peuvent être pris qu’en vertu d’une disposition légale particulière qui fixe l’objectif des mesures d’exécution et, le cas échéant les conditions auxquelles elles sont soumises“.

Äntwert de Minister Gloden, liicht vexéiert a Schoulmeeschter-haft, op dës Froen, déi hien dem Här Sehovic schonns zweemol beäntwert hätt.

„Il y a lieu de distinguer les articles 41 et 42 du RPG

L’article 41 était en vigueur AVANT la révision de la Constitution. Ainsi, la question de la conformité à l’article 37 de la Constitution ne se pose pas. A ce sujet, je renvoie le député à la circulaire du Ministre de l’Intérieur No 2023-058 du 28 avril 2023 et à un article récent de doctrine luxembourgeoise.

En revanche, l’article 42 du RPG est entré en vigueur sous le régime de la Constitution révisée. Cependant, les formes de mendicité agressive réprimées par le RPG ne constituent pas des activités ou des comportements rentrant dans le champ d’application d’une liberté publique quelconque, de sorte que l’article 37 de la Constitution n’est tout simplement pas applicable. Ces formes de mendicité sont interdites par le Code pénal.“

Wei lénk ass dat dann? Den Artikel 42 schwätzt nit vun der „mendicité aggressive“ mee vun „toute autre forme de mendicité“ dorënner natierlech och „mendicité simple“ (= Théorie des ensembles).

De But vun dëser Onwouerecht, fir nit ze soen enger Ligen, ass kloer wei Maschtepull. Natierlech ass de Verbuet respektiv d’Aschränkung vun der mendicité simple eng Aschränkung vun diverse Mënscherechter. Den Här Gloden gëtt domat indirekt zou, datt mendicité simple ënnert Aktivitéiten oder Behuele falen, déi eng ëffentlech Fräiheet betreffen. Am Radio sot hien, d’Madame Margue an hie géifen dru schaffen, fir de Police-Reglementer eng gesetzlech Basis ze ginn. Wat ass dann elo richteg?

An dem Recours vun der Stad géint de Refus d’approbation vum Artikel 42 duerch Taina B. gëtt d’Etude Thewes eng Definitioun zum Terme Police administrative … „plus géneralement le Pr. Goffaux définit le terme comme ensemble de pouvoirs attribués par ou en vertu d’un texte législatif ( !!..) aux autorités administratives leur permettant d’apporter des limitations aux droits et libertés des citoyens afin de leur imposer la discipline que requiert la vie en société“.

Am Arrêt Lacatus huet d’CEDH zeréckbehalen:

„1. Déclare, à l’unanimité, le grief tiré de l’article 8 de la Convention recevable;

2. Dit, à l’unanimité, qu’il y a eu violation de l’article 8 de la Convention“

Den Här Gloden berifft sech gären op den Avis en partie dissident, en partie concordant vum Här Ravarani fir ze soen, seng Decisioun wär absolut richteg. Ech mengen, hien hätt besser, dat nit ze maachen, schreift den Här Ravarani dach:

„Le cas d’espèce offrait à la Cour une occasion d’admettre que la mendicité constitue un comportement protégé par l’article 10 de la Convention et elle ne l’a pas saisie, à mon grand regret.“

Fazit: Den Artikel 42 vum Police-Reglement verstéisst géint eis Verfassung, an notamment géint den Artikel 124 alinéna 2, well e richt nom 1.7.2023 approuvéiert, affichéiert a publizéiert gouf. C.Q.F.D.

Léiwen Här Sehovic, stellt w.e.g. duerfir dem Här Gloden eng véierte Kéier d’Fro, ob seng Approbatioun vum Artikel 42 nit géint eis nei Verfassung verstouss huet?