Famill Mond vs. Jeunesse (1961)De Papp mat sengen 10 Bouwen: Réckbléck op een absolut aussergewéinlecht Fussballspill

Famill Mond vs. Jeunesse (1961) / De Papp mat sengen 10 Bouwen: Réckbléck op een absolut aussergewéinlecht Fussballspill
D’Famill Mond den 19. März 1961. Uewen: (v.l.) de François, Emile (Papp), Edmond, Camille, Robert, Lucien an den Nic Waldbillig (Initiateur vum Match). Ënnen: (v.l.) den Emile II dit Tit, Raymond, René, Félix a Paul.  Foto: Editpress/Alain Rischard

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Et war Enn März 1961, en Sonndegmëtteg, un deem eng komplett Mond-Familienekipp géint Jeunesse-Veteranen ugetratt ass. De Papp Emile a seng zéng Bouwen. E Réckbléck op een aussergewéinlecht Fußballspill, iwwert dat esouguer de „Paris Match“ bericht huet.

„Wer hat den Mann im Mond gesehn“, huet 1961 dem Gus Backus säi Schlager geheescht, an enger Zéit, wou déi éischt Sputnike ronderëm d’Äerd gekreest sinn, „bip, bip“ gemaach hunn an den Dram vun der Mound-Eruewerung ëmmer méi no an de Beräich vun der Méiglechkeet virgeréckt ass. Dëst sollt awer eréischt den 21. Juli 1969 wouer ginn a Mënschen op der ganzer Welt faszinéieren.

Aacht Joer méi fréi konnte sech déi Escher, am Virspill souzesoen, hei bei eis, an hirem klenge Mikrokosmos, awer schon un enger anerer flotter klenger Moundgeschicht erfreeën … Deen Dag ass nämlech op der Grenz ee ganz aussergewéinleche Fussballsmatch tëscht denen „Alen“ vun der Jeunesse an enger lokaler … Familljenekipp iwwer d’Bün gaangen an ugepaff ginn! Dat kuriéist Schauspill wollt natierlech kee sech entgoe loossen, sou datt de Jeunesse-Terrain deemols däitlech besser gefëllt war wéi bei engem heitege Spëtzespill aus der „Bankeliga“.

Déi stack-Escher Groussfamill Mond, „Mounden“, wéi nach haut gesot get, zesummegesat vum Papp Emile a sengen zéng Jongen, war et, déi de Mëtteg géint Veterane vun der Jeunesse ugetratt ass. Esou eppes dierft et bis do esou gutt ewéi nach ni néierens gi sinn.

An dat hu sech bestëmmt och Fransousen an der Redaktioun vum Paris Match geduet, deenen dat zu Oure komm war! Sie hu sech extra mat zwee Mann vu Paréis erof op Esch fir eng Reportag iwwert déi sportlech „famille nombreuse“ déplacéiert, déi den 8. Abrëll 1961 an hirer Nummer 626 mat Text a Fotoen „le poids des mots, le choc des photos“ dann och erschéngt ass. Do dra gesäit een op enger duebler Säit den FC Mond de laange Wee aligniéiert am bezechnend schwaarz-wäisse Jeunesse-Dress an de Vestiaire sëtzen, mat dem ale Papp ganz am Fong.

Ënnerschiddlech Schichten op der Schmelz

De Match selwer hu si awer, dat nëmmen niewebäi, an enger wäisser Uniform gespillt. Do gëtt ee gewuer, datt hire beschten, den eleganten Éischt-Ekipp- an Nationalspiller, de Robert, hiren Trainer war, en aneren, Emile, Kapitän, an de klenge Paul mat grad emol 14 Joer de Benjamin. An där scho liicht vergilbter Zäitschrëft gesäit een se dann nach eemol nom Match am Café Scarassa houfreg, mä brav zesummen um Dësch sëtzen an erafeieren.

De Paul Mond, deen deemols mat 14 Joer Jéngsten aus der Mond-Ekipp  
De Paul Mond, deen deemols mat 14 Joer Jéngsten aus der Mond-Ekipp   Foto: Guy van Hulle

Grond dozou haten se, ëmsou méi se dëst eemolegt „clubinternt“ Frëndschaftsspill géint hir eegen eeler Jeunesse-Kolleege mat 5:2 gewanne konnten. Mär ware selwer als jonk Zuschauer dobäi, grad ewéi de gläichaltregen Ed. Maroldt, deen duerno a sengem kultegen „Mythos Esch“-Buch, mat spirituelle Billertexter an anerer, wéi vum grousse Rainer Maria Rilke inspiréiert, iwwer dat Spill op Säit 128/29 geschriwwen hat, mä kënnen eis awer nëmmen nach vaguement un deen eigentleche Spillverlaf erënneren.

Virun Ae bleiwt eis just nach eng Zeen, déi, wou deen dënnen, mä mat 58 Joer nach alerte Papp – ee fréieren „poids plume“-Boxchampion iwwregens – de Ball säitlech viru mär an den „Aus“ drescht. Hien huet deemno net an der „Këscht“ gespillt, wéi am „Match“ behapt, do stung nämlech hire René, ma „bel et bien“ vir op der lénker Band. Mat dem Robert, deen a senger Karriär 49 Goaler fir d’Jeunesse markéiere konnt, fënnefmol géint Frankreich ugetrueden ass an op deen de Stade de Reims opmierksam gouf, hat den FC Mond en exzellente Spillertrainer um Terrain.

Doriwwer eraus hätte si mat dem jonke Paul – hu si d’Paräisser a wuel sech och selwer gleewen gedoen – e weidert grousst villverspriechend Talent „à la Just Fontaine“ fir spéiderhin.

Zesummen trainéiere konnte si nëmme sonndes, well se zwar selwer quasi all op der Schmelz, mä ennerschiddlech Schichte geschafft hunn. Éier se op de Fussball koumen, haten der et e puer vun hinne bei de Scoute probéiert, mä et net ganz laang do ausgehal.

Bei der Jeunesse awer, wou se spontan gutt opgeholl goufen, hunn d’Mond-Jonge sech gläich wuelgefillt an integréiert. Dat och, well si do ganz Villes mat hiren neie Frënn a Matspiller gemeinsam haten. Déi allermëscht vun hinne sinn selwer zu Spiller an deenen verschiddenen Alterskategorien ginn, hunn d’Woch iwwer dat Selwecht geschafft, ronderëm gewunnt, haten de selwechte sozialen Hannergrond, a gungen iwwer de gefestegte Familienclan eraus, quasi op – eng gëllech Fusioun an Osmose demno – an där nach méi grouss erweiderter Jeunesse-Famill, déi och haut nach, obschon dobaussen alles anescht ass, versicht, z’iwwerliewen. E nostalgescht Bestriewen, dat nach haut vrum Match am „Jeunesse-Lidd“, iwwer Mikro zum Ausdrock kënnt.

Coupe Lucien Mond zu Éiere vum verstuerwene Jong

Nëmmen e puer Méint méi speit war et da leider eriwwer mat deem schéinen Dram, deen zum Drama gouf, wéi ee vun de Bouwen, hire Lucien, an engem Autos-Akzident als Bäifuerer ëm d’Liewe koum. Ganz Esch huet mat hinne getrauert a wuar beim Begriefnes dobäi. Déi traureg Noriicht hat sech iwerall wéi ee Lafféier verbreet, an esouguer an den USA huet eng Zeitung vun „the world’s unusual, but now broken soccer team“ bericht. Nach kurz virdru ware se vun der Stad Essen mat de Fraen a Kanner plus „Abholdienst“ op e Gala-Match invitéiert ginn an hate Gage vun net manner wéi 30.000 DM versprach kritt.

Doraus, grad ewéi aus ville weideren Engagementer, gouf awer verständlecherweis näischt méi, well bei der Mond-Ekipp lung de Rimm erof, an de „Moral“, ugefaange bei der geploter Mamm, dem Sophie*, war um Déifpunkt. Zum Undenken un hiren eréischt 19 Joer ale Bruder ass just nach eng Coupe Lucien Mond gespillt ginn, an dat war et dann. Mä d’Liewen um Belval, der Grënz an an der „Hiehl“ gung weider, an dem laangjärege Gérant vum Veräinslokal an der Otherstross, dem Mound’s Ed. säi Jong, de Leon alias „Jang“ Mond, huet un d’Mond-Saga ugeknëppt an däi traditionell Präsenz vun der Famill an de Reie vun deene Schwaarz-Wäissen als Spiller a Verteideger iwwer Jore mat Brio weidergefouert.

* De Jongen hir Mamm, d’Madamm Sophie Mond-Kutzner, 1906 gebuer, huet 2006 zesumme mat der Stad Esch, hir 100 Joer gefeiert an ass dofir offiziell geéiert ginn. De Paul, deemols 14 Joer jonk, an de Keeper René sinn déi zwee Eenzeg aus der Ekipp, déi haut nach liewen. De Paul wunnt zu Schëffleng, de René zu Teneriffa.

Virum Match: Den Antoine Krier, Buergermeeschter vun Esch, begréisst den Emile Mond. Riets de Schäffe Jules Schreiner, donieft den Nic Waldbillig.
Virum Match: Den Antoine Krier, Buergermeeschter vun Esch, begréisst den Emile Mond. Riets de Schäffe Jules Schreiner, donieft den Nic Waldbillig. Foto: Editpress/Alain Rischard