TheaterWat de Bauer net kennt: „Zowaasch“ vum MASKéNADA-Kollektiv

Theater / Wat de Bauer net kennt: „Zowaasch“ vum MASKéNADA-Kollektiv
Mat Wëllenskraaft géint d’Occupatioun – eng vun den Zeenen aus „Zowaasch“ fënnt an der verloossener Église Sainte-Barbe statt (C) Bohumil Kostohryz

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Mat „Zowaasch“ clôturéiert d’MASKéNADA-Kollektiv säi groussen Esch22-Projet „Ee roude Fuedem duerch de roude Buedem“ a gräift nieft dem feministeschen Iwwerbau Theme wéi den Alldag vun den Aarbechter an der Schmelz, déi lues Gentrificatioun vun eisem Land an d’Nazi-Occupatioun op. Dat ass trotz gudden Usätz deelweis e bëssen ze vill däers Gudden.

Dat verschlofent Lasauvage, dat eemol am Joer duerch de Blues Express waakreg gerëselt gëtt a soss héchstens eemol ee blatzegt A opmécht, wann de Patron vum schicken Duerfrestaurant mam décke Won seng Ronnen duerch d’Duerf zitt, wierkt wéi aus der Zäit gefall.

Eng zum Kulturzentrum ëmfunktionéiert Kierch, eng Schoul, déi eng Poppespënnche verbiergt, eng Zort ale Casino, an deem sech déi falsch Giedel néiergelooss huet – déi richteg fannt Der direkt niewendrun am Fond-de-Gras – an ee klengt Haus, duerch deem säin hënneschten Ausgank déi deemoleg Grande-Duchesse dat vun den Nazien occupéiert Land sollt verloossen, gehéieren zu den diskreten Attraktioune vum klengen Duerfkär.

Kee Wonner also, dass sech Immobilienhaie fir déi pittoresk Géigend interesséieren: Der Sandrine (Mady Durrer) hire groussen Dram ass et, Lasauvage mat Thermen an engem Shoppingzenter esou ze pimpen, dass sech d’Touristen op d’Duerf wéi Seejomessen op Iessensbëtz stierzen an esouguer de klenge Musée, an deem een esou schmock wéi onnéideg an iwwerdeiert Souveniren an enger Boutique ergattere kéint, mam Van-Gogh-Musée mathale kéint.

Der Sandrine hir Visioun ass perfekt duerchduecht – wier do net déi wëll Fra, d’Zowaasch genannt, där hir Aen an der „Nuecht gegloust hunn wéi de Stol an den Héichiewen zu Déifferdeng“ – eng Fra, déi, esou wëll et eng al Legend, verjot oder verbrannt gouf an där hir Existenz net ganz an dat glat gebigelt Newsauvage passt. A wier do net och nach der Sandrine hir Duechter Alex (Elena Spautz), déi kuerze Prozess mat den neoliberale Wënsch vun der Mamm mécht an hir Dreem vu groussem Goss ënnerbrécht, fir hir Frechheeten ewéi „kapitalistescht Schwäin“ un de Kapp ze puchen.

No engem virulenten Différend verdroen déi zwee sech allerdéngs (e bëssen ze) séier an entscheeden, zesummen op d’Spuere vun der Legend vun där wëller Fra ze goen, net, fir dës nozezielen (de virwëtzegen Zuschauer fënnt d’Detailler am Programmheft vum Stéck – et ass eng fatzeg misogyn Geschicht ëm eng Zort Hex, déi esou wëll a grujeleg war, dass si esouguer an der Häll keen Doheem fonnt hätt), mä fir, am Géigendeel, déi Figur ze rehabilitéieren, se ze hannerfroen an hire reellen Impakt op d’Duerfliewen ze erfuerschen.

Et ass dëst den Ufank vun enger Rees duerch d’Duerf an duerch d’Zäit: Een Handlungsfuedem weist, wéi aarm Awunner de räiche François de Saintignon (Luc Lamesch) beschëllegen, näischt ze räissen an ze bäissen ze hunn. Wärend de Grof mat Zylinder a Kostüm ze vill domat beschäftegt ass, am Selbstmatleed ze ersaufen, iwwert den Dout vu senger Duechter ze kräischen an den Awunner ze soen, hie géif dach alles fir si maachen, ersaufen Aarbechter wéi de Pier (och de Luc Lamesch) hire Misär an d’Wourecht – nämlech, dass déi knaschteg, stëbseg Loft an der Minn ëmmer méi hire Longe schuet – an de siwen oder aacht Pätt no der Schaff.

Een aneren Handlungsfuedem weist, wéi zwee Kandheetsfrënn e Refuge an enger Kierch, déi eidel steet, fannen. Si hunn desertéiert, wëllen net fir déi Däitsch kämpfen. An der Kierch erënnere sech déi zwee, déi alle béid relativ fréi en Elterendeel verluer hunn, un déi Zäit, wéi se sech als Kanner mathëllef vun hirer Virstellungskraaft an eng Fantasiewelt aus Spill an Onschold geflücht hunn. Béid ginn deem eng Zäitchen no, bis déi brutal a brong Wierklechkeet se aus der vergaangener Fiktiounswelt erausrappt.

 (C) Bohumil Kostohryz

Vu wëlle Fraen a stracken Aarbechter

An „Zowaasch“ geet et stänneg ëm Fanatismus, ëm Scholdzouweisung, dorëms, wéi de Mënsch keng Zoufäll a keng schlecht Noriichte verdréit, a wéi de Schëllege bal ëmmer eng Persoun um Rand vun der Gesellschaft ass – an deenen Zäiten eben oft eng Fra, déi eleng gelieft huet. Esou ass et d’Figur vun der Zowaasch, déi mer ni ze gesi kréien an déi grad dowéinst Mësstrauen a Fanatismus declenchéiert, déi di verschidde Figuren an Handlungen zesummenhält.

Zeréckbehale vum „Roude Fuedem duerch de roude Buedem“ wäert een definitiv d’Rees duerch méi oder manner bekannt Plazen aus dem Süden, déi vum Kollektiv bespillt goufen – sief et den Ellergronn, Obeler oder den Zolwerknapp –, och wann ee sech freet, ob et net vläicht interessant gewiescht wier, de Projet och an déi an d’Kulturhaaptstad implizéiert franséisch Nopeschdierfer ze droen – wat natierlech verlaangt hätt, den Hypotext vum Mil Lorang ze iwwerdenken. Well sech „Zowaasch“ awer souwisou relativ wäit ewech vun dësem Hypotext beweegt, ass dat ee Schratt, deen thematesch (wéinst der Occupatioun) a geografesch (wéinst dem Grenzgebitt) mat der Wiel vu Lasauvage definitiv ugeduecht gëtt an deen ee sech virstelle léisst, wéi zum Beispill eng Plaz wéi dat franséischt Thil, wou een Niewelager vum KZ Natzweiler-Struthof steet, an d’Konzept eragepasst hätt.

Och zu Lasauvage sinn déi verschidden Etappe vum Stéck mat vill Suerg gewielt, eng vun de leschten Zeenen an der zum Bistro ëmgewandelter Poppespënnchen funktionéiert net just zeenographesch immens gutt. Och geléngt et de Schauspiller ënnert der Leedung vun der Daliah Kentges hirer intelligenter Regie meeschtens, mat Iwwerzeegung vun enger Roll an déi aner ze glëtschen – an dat, obschonns déi Wiessel sech séier ofspillen an ee vläicht bei de sëllegen an och net ëmmer ganz ausgeschaffte Figure munchmol den Iwwerbléck verléiert.

Och geet hei de feministeschen Iwwerbau, deen am Ellergronn a virun allem zu Obeler definitiv méi am Zentrum stoung, liicht verluer: Duerch de Fait, dass wärend „Zowaasch“ Thematiken ugeschwat ginn, déi engersäits u rezent Produktioune vu Richtung22 erënneren – d’Gentrificatioun vu Lëtzebuerg –, anerersäits och de Fokus op lëtzebuergesch Geschicht leeën – d’Arbed, ma och d’Occupatioun –, wëll „Zowaasch“ vläicht e bëssen ze vill mateneen, och wann déi eenzel Texter vum Antoine Pohu, dem Cosimo Suglia an dem Maxime Weber – quasi een Who is Who vun der jonker Schrëftstellergeneratioun – u sech usprochsvoll sinn a gutt funktionéieren.

Dat fält ganz besonnesch an d’Gewiicht an enger Sequenz, déi gläichzäiteg spektakulär gespillt, mä erzieleresch schwaach ass: Iergendwéi wierkt déi schonn erwäänten Zeen an der Kierch, wéi wann ee souwuel hätt wéilten den Occupatiouns-Kontext vu Lasauvage ofdecken (ech erënneren un de méigleche Fluchtwee vun der Grande-Duchesse) an den zwee (talentéierten) Zirkuskënschtler Mara Daro an Ole Schöne eng Beschäftegung fannen.

No u sech touchante Retrouvaillen tëscht den vun der Elena Spautz an dem Luc Lamesch gespillte Figuren dauchen dës an eng akrobatesch Nostellung vun hirer Fantasiewelt vun deemools an (hei iwwerhuelen den Ole Schöne an d’Mara Daro, déi sech wärend zéng Minutten zu den Elektrosounds vum Luca Tonnar ameséieren an de Publikum beandrocken), éiert d’Mady Durer als Gestapistin eraleeft a mat Zauberspréch, Pobeierbullen a Pobeierfligere verdriwwe gëtt.

Esou poetesch d’Iddi, Nazie mat Zauberei, Pobeier an Tënt ze verdreiwen, och kléngt, an esou vill se d’Muecht vun der Fiktioun iwwert d’Realitéit wëll ervirhiewen, esou kënnt déi Zeen awer enger Verharmlosung vun engem Géigner no, dee sech fir dee schrooste Genozid an der Mënschheetsgeschicht verantwortlech gezeechent huet.

Dovun ofgesinn bleift „Zowaasch“ ee kuckenswäert Spektakel, dat seng „In situ“-Situatioun gekonnt ausspillt a relevant Thematiken thematiséiert, déi et allerdéngs verdéngt hätten, méi ausgeschafft ze ginn.

D’Stéck gëtt samschdes a sonndes, um 11.00 an um 16.00 Auer, gespillt. Treffpunkt ass d’Kierch zu Lasauvage.